Site en maintenance ..

09.11.2009

Laurent Wester

Mam Laurent Wester huet de CELTIC net nëmmen een grad esou talentéierten wéi begeeschterten Liichtathlet verluer, mee virun allem ee léiwen Kolleg a gudde Frënd.

A kuerzer Zäit hat de Laurent seng Plaz am CELTIC fonnt. Hien huet matgehollef dass de Celtic no iwwer 20 Joer nees de Champions Titel am Cross par équipe gewannen konnt.

Vill méi wichteg awer, mat senger offener Manéier a Gentillesse, huet hien de Celtic menschlech beräichert a vill Kollegen a Frënn fonnt.

Senger Famill gëllt ons oprichtegt Bäileed. Besonnesch denken mir u säi Papp, de Paul, och een engagéierten Liichtathletikfrënd, deen zurecht houfreg op de Laurent ka sin.

Laurent W

21.10.2009

Zwee Drëttel vum Podium

Bei dem Marathon Meeschterschaften zu Iechternach ass de Shed Meis den zweete gin. De Patrick Majerus koum op déi drëtt Plaz. Deemno hun d'Celtic Athleten sech gutt um Podium breed gemaach. Den Détail vun de Resultater: www.fla.lu

Eng Parti aner Celtic Leefer sin bei aner Marathon Leef un de Départ gang an och ukomm: zu Palma de Mallorca ass de Carlo Pletschette de 15. gin, Danielle Lentz koum bei den Dammen op déi 8. Plaz.

Zu Köln sin e.a. Monique Majeres an Marie-Paule Schneider wonnerbar Marathon Premieren gelongen.

15.10.2009

Challenge Ramirez 2009

De fläissegen Nikita Kompanets hat an der läescht déi zweet Plazen gesammelt. Elo ass hien d'Nummer 1, well hien huet kloer de Challenge Ramirez 2009 gewonnen. Bravo! Den Détail www.fla.lu

05.10.2009

Walfer Vollekslaf

D'Pascale Schmoetten a Stefan Kornelis hun d'10 Meilen (Pascale) an 10 Kilometer (Staefan) Course beim Walfer Vollekslaf gewonnen. Den Détail: www.walfy.lu

Interclub Titelen 3 a 4 fir 2009

Bei de Dexia Route du Vin hun d'Celtic Leeferinnen a Leefer Championstitelen Nummer 3 a 4 am Interclub Klassement recoltéiert: Dammen mat Nancy Gasperini, Tania Ley-Fransissi an Paulien Spithoven-Santuisen hun fir d'éischt zënter laangem nees den Titel am Strooselaf par Equipe gewonnen. D'Nancy Gasperini ass individuel am Semi-marathon op déi drëtt Plaz komm. Bei de Männer ass de Roger Königs 'Champion de la FLA' gin. Zesummen mam Patrick Majerus an Dan Stranen huet de Roger och nach den Titel par Equip gewonnen. Och dat hate mir scho laang net méi. Den Detail: www.fla.lu

Challenge Tageblatt

Eng ganz Parti Podiums Plazen hun ons Scolaires an Débutants Athleten beim Challenge Tageblatt 2009 erreecht. Virun allem bei de Scolaires Meedercher hu mir bis zum Schluss ganz gutt matgemecht. D'Laurence Jones huet erréicht beim läschten Meeting seng éischt Plaz ganz just verluer a gouf dat 2. Och de Georges Reiser ass den zweeten gin bei den Débutants Jongen. Aner Celtic Sportler ganz vir bäi sin: Véronique Michel (3), Cathy Zimmer (3) an och an de Joergäng Julie Ochs an Cathy Schmit. Den Détail: www.fla.lu Am Equipeklassement si mir déi 6, mat e puer Punkten manner wéi 2008.

17.09.2009

Gratistombola Coupe des Dames

1. Präis: Flug an der Montgolfière offréiert vum Nico Betzen, Fouhren: 268

2. Präis: 2 x Entrée fir de Paul Panzer den 21.9.2009, Al Seeërei, Dikrich: 183

3. - 5. Präis: Artikelen aus dem Celtic Fan Shop: 127 - 317 - 485

15.09.2009

Paul Panzer beim Celtic

Den 21 September ass de Paul Panzer nees zu Dikrich an der Aaler Séeerei. No sengem Optrëtt am Ufank vum Joer mam aalen Programm, présentéiert den däischen Komiker a Kabarettist Paul Panzer e Méindeg säi neien Programm. Ticketen gin et ënner http://www.e-ticket.lu. Fir d'Gefrups an d'Gedrenks suergt de Celtic.

10.09.2009

Coupes

12.9.2009: Coupe des Dames, Celtic Theater of Dreams, rue Jos Merten, Diekirch, 15.00

D'Coupe des Dames  De Celtic huet 2009 d'Coupe zu Dikrich behalen. D'Celtic Dammen Phalanx huet no engem spannenden 3-Kampf mam CSL an virun allem dem CAD, mat 10.182 (156 méi wéi 2008) Punkten Didelénger Meedercher ëm knapp 80 Punkten op Distanz gehalen. Den Détail: www.fla.lu

CELTIC Team: Shannon Baum, Sydney Baum, Lisy Colles,  Tania Fransissi, Jenny Gloden, Jil Gloesener, Lynn Hagen, Chantal Hayen. Marthe Hayen, Shirley Kapp, Emmy Kohl, Yoon Penning, Lisi Rauchs, Kim Schartz, Joanne Schartz,  Pascale Schmoetten,   Laurence Thill, Vicky Van Vlokhoven, Fabienne Weber, Elisabeth Wies, Cathie Zens, Catherine Zewen

13.9.2009: Coupe du Prince Do si mir grad wéi 2008 nees déi drëtt gin. Ouni Ausfall, mat ganz vill Kampfgeescht hu mir bis bal zum Schluss déi 2 Plaz gehalen. Erréicht am Finish ass den CAB laanscht gezunn. Déi staarkt verbessert Fola kruten mir mat onsen 15.221 Punkten (120 méi wéi 2008) op Distanz gehalen. Den Détail: www.fla.lu

CELTIC Team: Steve Angelsberg, Ben Bertemes, Bob Bertemes, Pit Bertemes, Sven Fischer, Jeff Gloden, Jacques Hayen, Chris Jones, Jeff Kiesch, Nikita Kompanets, Stefan Kornelis, Jan Louis, Pol Mellina, Philippe Michel, Roy Michel, Gilles Petit, Pol Petit, Genrikh Rivny, Dustin Rischard, Sven Schiltz, Nicolas Schmit, Jeff Sprunk, Kevin Steffen, Patrick Thill,

24.08.2009

Wämper Triathlon

Déi ganz Resultater, les résultats complets, die gesamten Resultate, the complete results: www.triathlon.lu oder www.chronorace.be

09:27 Écrit par PoZ dans Général | Lien permanent | Commentaires (0) | Envoyer cette note | Tags : triathlon |  Facebook |

09.07.2009

Resultater

Am Moment get den offiziellen Internet Site vum Celtic nei gemat. Hei dee provisoreschen Mini Site fir dat wichtegst fir duerch den Celtic Dag ze kommen.Actuellement le site complet du celtic est en reconstruction. Voici le site provisoire pour le plus important. Merci

5. Energisade, Saarbrücken (GER), 26.7.: d'Cathie Zens gewënnt den Héichsprong Concours vun de Schülerinnen A bei der 5. Energisade am Stadion "am Kieselhumes". De Charel Hetto get de 2.  vu senger Alterskategorie an der Kugel.

Flanders Cup Brasschaat (BEL), 26.7.: perséinlech Beeschtleeschtungen gin et fir d'Martine an de Pol Mellina iwwer 1500 m: d'Martine leeft 4.37.84, de Pol 3.55.26

Jeekelslaf, Waarken, 25.7.: de Pol Petit gewënnt den 5 Km Laf zu Waarken virum Sven Schiltz. De Stefan Kornelis gët den zweeten iwwer 10 km. Den Détail: www.fla.lu

10 Km Rahlingen (GER), 25.7.: de Roger Königs get den zweeten an der Course vun de Männer, d'Brigitte Schartz ass déi éischt lëtzebuerger Dame op der 10. Plaz.

Meeting international AC Dampicourt (BEL)24.7.: Laurence Jones leeft iwwer 300 m p.B., dem Bob Bertemes gelengt datselwecht iwwer d'800. De Détail: www.acdampicourt.be

European Youth Olympic Festival, Tampere (FIN), 22.7.2009  Em formidabel 14 Sekonnen op 4.03.59 verbessert den Ben Bertemes seng pB iwwer 1500 m a gët domat den 8. an der Final.

Mierscherlaf 19.7.2009: De Dan Stranen war deen séiersten Celtic Leefer beim Mierscherlaf iwwer 15 km. De Détail: www.mierscherlaf.lu

Challenge Tageblatt 6 CAEG, 18.7.2009 Eng ganz Parti fein Leeschtungen gouf et zu Gréiwemaacher "op Flohr" bei der 6 Manche vum Challenge Tageblatt. Véronique Michel (Speer), Laurence Jones (1000 m) an Georges Reiser (Wäitsprong) konnten hir Epreuven gewannen. Weider goufen et nach vill p.B. Den Détail: www.fla.lu

KBC Nuecht, 18.7.2009 D'Joanne Schartz an de Bob Bertemes wun op der KBC Huecht vum AVT zu Heusden-Zolder matgemaach. D'Joanne ass d'1500 m an 4.46.46 gelaf, de Bob d'800 an 2.05.40


Soirée Fola 2, 17.7.2009 D'Sprinter hun vum Meeting zu Esch profitéiert fir een Training ënner Wettkampfbedingungen ze maachen. Den Détail vun de Resultater: www.cafola.lu

Liichtathletik Championnat D'Celtic Athleten hun 8 Landesmeeschtertitelen gewonnen, stoungen eng Parti Kéieren mat um Podium an hun mam gudde Leeschtungen op sech opmierksam gemaach. Fir verschidden Athleten waren deen éischten Titel am eenzel (Yoon, Joanne), fir aner schon méi gewinnt awer ëmmer nees schéin. Dobäi kommen nach Titelen an der Espoir Kategorie vun Antonie Van den Heuvel, Pol Mellina, Marthe Hayen.

Ons Landesmeeschter vum Weekend: Chantal Hayen (100, 200) Joanne Schartz (800), Martine Mellina (1500), Pascale Schmoetten (3000), Yoon Penning (100 m Hürden), Kim Schartz (Hummer), Pol Mellina (5000 m). Den Detail www.fla.lu

Foyer Triathlon Echternach D'Lisi Colles gewennt d'Youth B/C Course am Kader vum Triathlon zu Iechternach. Den Détail: www.trilux.lu

Mamer Laf  De Roger Königs gewennt desen 10 Km Stroosenlafmat Streckenrekord. Detail: www.trispeed.lu

6. IAAF World Youth Championships, Bressanone, ITA D'Halschend vun den lëtzebuerger Athleten bei der Jugend WM sin CELTIC Athleten. De Ben Bertemes an d'Jil Gloesener haten sech op den 800 m qualifizéiert. De Ben ass a sénger Série de 5. gin an der perséinlecher Bescht vun 1.57.41. D'Jil gouf mat 2.19.61 dat 6. an sénger Série. Dës Leeschtungen sin leider nët duergaang fir an deen nexten Tour ze kommen.

Next Liichtathletik Meetinger:

9.8.2009: Meeting international du CAS - info: www.cas.lu

29.8.2009: Meeting ouvert t.c. - info: www.cab.lu

29.8.2009: Meeting international des Lancers - info: www.cadudelange.lu

Next Running Events

22.8.2009: Loof um Wämper Séi - Info: www.triathlon.lu

Info: celtic@internet.lu

22:17 Écrit par PoZ dans Général | Lien permanent | Commentaires (0) | Envoyer cette note | Tags : news, next, triathlon |  Facebook |

12.09.2008

CHAMPIONNATS 2009

18.10.2009: CHAMPIONNATS DE MARATHON, Echternach

Dans le cadre du Foyer 2 Lander Marathon

Umeldungen iwwer de Club via den Link lenks Colonne oder um Ziedel beim Training beim Paul Zens.

26.06.2008

Cercle Athlétique CELTIC Diekirch

Kontakt: Adresse. BP 40 L-9201 Diekirch - émail: celtic@internet.lu - celtic@pt.lu

Conseil d'Administration: Dr Romain Thill (président), Mathis Mellina (vice-président), Léon Moureaud (secrétaire général), Margot Hayen (trésorière), Jo Hayen (responsable licences), Paul Zens (coordinateur sportif), Claude Guden (membre), Georges Pott (membre), Yves Zimmer (membre)

Représentants des athlètes: Brigitte Schartz, Antonie Van den Heuvel

Assesseurs: Josiane Gloden (responsable uniformes), Meggy Jones (inscriptions meeting jeunes), Antoine Moureaud (meeting directeur Eurocross et Wämper Triathlon)

Installations sportives: Centre Sportif  rue Joseph Merten L-9257 Diekirch 

Training: Mettwoch a Freideg: 18.00 - 20.00 Auer

Coaches: U10: Danièle Antony-Conzemius; Aline Kiesch-Sauber; Joëlle Schäfer - U12: Paul Zens - U14. Arno Kuster - Sprint, sauts: Gino Antoine, Jean-Marie Branle - demi-fond: Maria Paczos, Jean-Pierre Ernzen - Lancers. Marc Goedert

Coordinateur sportif: Paul Zens

1